Emil Faber

lëtzebuergesche Magistrat a Member vum Staatsrot From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Emil Faber, gebuer den 12. Mee 1843 zu Ettelbréck[1] a gestuerwen de 14. Mäerz 1927 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Magistrat a Member vum Staatsrot.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Carrière als Magistrat

No sengem Studium vum Droit war hien zwee Joer Stagiairesaffekot zu Dikrech.[1]

1868 gouf hie Friddensriichter zu Réiden op der Atert, 1872 huet hie déi selwecht Funktioun zu Wolz iwwerholl. 1873 gouf hie Riichter an der Stad Lëtzebuerg.[1]

1878 gouf hien Untersuchungsriichter an der Stad Lëtzebuerg.[1]

1879 war hie Vizepresident vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg a gouf 1884 President dovun.[1]

1885 gouf hie Member vun der Cour supérieure de justice.[1]

Remove ads

Direkter vum Enregistrement a Member vum Staatsrot

Hie war vun 1887 bis 1915 Direkter vum Enregistrement a vum 2. Mee 1892 bis zu zu sengem Doud Member vum Staatsrot.[3]

Gielchen

Referenzen

Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads