Emile Frantz

lëtzebuergesche Ringer an Olympionik From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Den Emile Frantz, gebuer den 19. Mee 1910 zu Villerupt, a gestuerwen den 22. Mee 1996 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Ringer an Olympionik.[1]

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam vertrueden.[2]

Zweete Weltkrich

Hie gouf den 9. September 1942 vun den Nazie verhaft a koum an d'KZ Natzweiler-Struthof. Do war hien de Prisonéier mat der Nummer 2224 bis hien de 5. September 1944 an d'KZ op Dachau koum wou hien de Prisonéier mat der Nummer 111072 war.[1]

Zu Natzweiler huet den Emile Frantz Frëndschaft mam Osmund Faremo vun der norwegescher Resistenzorganisatioun Milorg geschloss.[1]

Am Buch 'Takk for livet. Emil,' (op lëtzebuergesch: Merci fir mäi Liewen, Emil) dat den Osmund Faremo 1997 publizéiert huet, beschreift hie wéi den Emile Frantz him e puermol zu Natzweiler gehollef huet z'iwwerliewen.[1]

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads