Ernest Rutherford

brittesche Physiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Ernest Rutherford
Remove ads

Den Ernest Rutherford, gebuer den 30. August 1871 zu Nelson (Neiséiland), a gestuerwen den 19. Oktober 1937 zu Cambridge, war e brittesche Physiker.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

Hien huet 1902 d'Hypothees opgestallt, datt cheemesch Elementer duerch radioaktiven Zerfall an Elementer mat méi niddreger Uerdnungszuel iwwerginn. 1903 huet en d'Radioaktivitéit an Alphastralung, Betastralung a Gammastralung no der positiver, negativer oder neutraler Oflenkung vun de Stralendeelercher an engem Magnéitfeld opgedeelt an en huet de Begrëff vun der Hallefwäertszäit agefouert. Dës Aarbecht gouf 1908 mat dem Nobelpräis fir Chimie ausgezeechent.

De Rutherford war an de Jore 1925 bis 1930 President vun der Royal Society.

Remove ads

Dem Rutherford säin Experiment

De Rutherford huet a sengem Streeexperiment eng ganz dënn Goldfolië mat Alphastrale bombardéiert an op engem Fotosfilm gekuckt, wouhi se ofgelenkt goufen. Dobäi huet hie festgestallt datt déi meescht Strale riicht duerch d'Folië gaange sinn, an nëmmen e puer ofgelenkt an nach manner Alphastrale méi wéi 90° ofgelenkt goufen. Doraus huet hie säin Atommodell entwéckelt.

Den Atommodell nom Rutherford

Den Atom besteet haaptsächlech aus Näischt. Ee ganz klenge Kär (Eng Kiischt am Verglach mam Eiffeltuerm) huet all d'Mass an dëse Kär ass positiv gelueden. D'Elektrone schwiere ronderëm dee Kär, sinn negativ gelueden a maachen de Volumen aus.

Um Spaweck

 Commons: Ernest Rutherford – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och

Portal Astronomie

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads