Ernst Abbe

däitschen Astronom, Physiker a Sozialreformer From Wikipedia, the free encyclopedia

Ernst Abbe
Remove ads

Den Ernst Abbe, gebuer den 23. Januar 1840 zu Eisenach, a gestuerwen de 14. Januar 1905 zu Jena, war en däitschen Astronom, Physiker a Sozialreformer.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

Den Abbe gouf 1870 Professer zu Jena. Vun 1877 bis 1889 war hien Direkter vum Observatoire vu Jena. Duerno huet en d'wëssenschaftlech Leedung vun den opteschen Ateliere vum Carl Zeiss iwwerholl, a gouf ugestallt fir d'Technik vum Mikroskop weider z'entwéckelen.

Nom Doud vum Carl Zeiss huet hien als Mateegentëmer vu Carl Zeiss Jena déi Firma an d'Carl-Zeiss-Stëftung changéiert, woubäi de Benefice un déi Leit verdeelt gouf, déi do geschafft hunn.

Dem Abbe seng gréisst Leeschtunge waren an der Entwécklung vum moderne Mikroskop, de fotografesche Lënsen an der Prismespektiv.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads