Eugene Shoemaker

US-amerikanesche Geolog an Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia

Eugene Shoemaker
Remove ads

Den Eugene Merle (Gene) Shoemaker, gebuer den 28. Abrëll 1928 zu Los Angeles, a gestuerwen den 18. Juli 1997 zu Alice Springs, Australien, war en US-amerikanesche Geolog an Astronom. Bekannt gouf hien als Matentdecker vum Koméit Shoemaker-Levy 9 (mat senger Fra Carolyn Shoemaker an dem David Levy).

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Remove ads

A senger Promotiounsaarbechtt op der Princeton Universitéit konnt den Dr. Shoemaker beweisen, datt de Barringer-Meteorkrater tatsächlech duerch e Meteorittenaschlag entstanen ass. 1960 konnt en noweisen, datt och d'Nördlinger Ries duerch e Meteorittenaschlag entstanen ass.

Am Joer 1961 huet hien den Astrogeologesche Fuerschungsprogramm vum United States Geological Survey gegrënnt a war och den éischten Direkter dovun. Weider war hie bei der Lunar Ranger-Missioun bedeelegt an um Training vun den amerikaneschen Astronaute fir den Apollo-Programm.

Seng Carrière an der Astronomie ass 1973 ugaangen, wéi hien um Palomar-Observatoire ugefaangen huet no Asteroiden a Koméiten ze sichen, déi d'Ëmlafbunn vun der Äerd gekräizt hunn. Spéider ass hie vu senger Fra Carolyn an dem David Levy ënnerstëtzt ginn. Nieft der Entdeckung vum Koméit Shoemaker-Levy 9 konnt dës Grupp vun Astronomen d'Entdeckung vu ronn 30 weidere Koméiten a vun ongeféier 800 Asteroide maachen.

Den Eugene Shoemaker ass 1997 bei engem Autosaccident zu Alice Springs leie bliwwen. En Deel vu sengen Äsche goufe vun der Raumsond Lunar Prospector op den Äerdmound bruecht.

Remove ads

Literatur

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

 Commons: Eugene Merle Shoemaker – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads