Exaten

From Wikipedia, the free encyclopedia

Exaten
Remove ads

Exaten (al Schreifweis: Exaeten) ass en Uert bei Baexem, an der Gemeng Leudal, eng 7 Kilometer nordwestlech vu Roermond, an der Provënz Limburg an Holland. Do stoung en aalt d'Schlass, dat säi Proprietär, de Grof Theodor de Geloes van Elsloe, am Joer 1872 den aus Däitschland verjote Jesuitten iwwerlooss huet, zesumme mat den zirka fënnef Hektar Gaart a Park, déi dozou gehéiert hunn. Vun 1872 bis 1885 huet d'Schlass Exaten (nl: kasteel Exaten), als Noviziat gedéngt. No dem Kaf vum Domaine am Joer 1886 hunn d'Jesuitten e groussen Neibau mat enger romanescher Kapell bäigebaut. Am Klouschter Exaten ware vun 1886 bis 1894 d'Redaktioune vun den Zäitschrëften Stimmen aus Maria Laach a Katholische Missionen ënnerbruecht.

op ee Bléck Land, Koordinaten ...

1927 hunn d'Jesuitten hire Besëtz un d'Franziskaner verkaaft,[1] déi do eng Schoul ageriicht hunn.[2] Vun 1967 bis 1997 war am Schlass e Formatiounszentrum fir d'hollännesch Gendarmerie (Rijkspolitie). Du gouf et verkaf an zu engem Zentrum fir Asylanten ëmfunktionéiert.[3]

Remove ads

Referenzen

  1. Kuck: Franziskaner Vossenack ; Franziskus-Gymnasium Vossenack: Schulgeschichte.
  2. Alle Kastelen in de provincie Limburg op een rijtje: Kasteel Exaten - Baexem.

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads