Félix Molitor

lëtzebuergesche Schrëftsteller From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Félix Molitor, gebuer de 26. Mee 1958 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Lyriker.

Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...

Liewen

No sengem Studium vu Lettres modernes zu Stroossbuerg gouf hien 1996 Franséisch-Professer. Vun 1997 bis 2006 war hie Responsable fir d'Departement Littérature et théâtre am Kulturministère. Vu September 2006 war hien nees Franséischprofesser an huet um Institut grand-ducal fir de lëtzebuergeschen Dictionnaire geschafft. Zanter 2008 wunnt hien a Frankräich. Hien ass mat der Patricia Andrieu bestuet.

Zanter 1976 publizéiert de Félix Molitor reegelméisseg Gedichter zu Lëtzebuerg an am Ausland. Zesumme mam Raymond Schaack huet hien 1996 eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vun de Psalme verëffentlecht.

De Félix Molitor ass zanter 2002 Member vum Institut grand-ducal, Section des arts et lettres.

1998 krut de Félix Molitor de Prix Tony Bourg.

Remove ads

Wierk (Auswiel)

  • Abîmes en Demeure, 1996.
  • D'Psalmen op Lëtzebuergesch, Félix Molitor a Raymond Schaack, Eis Sprooch, Extra-Serie, Nr. 18, 1995/1996.
  • Nach draussen.Éd. Tétras Lyre, 1997.
  • Les deux ailes du chant, 1998. Éditions PHI, Prix Tony-Bourg 1998.
  • Mémoire de cristal. Éditions PHI, 1999.
  • Bris de partance. Éd. Schortgen, 2000.
  • Sur le coup de minuit, bibliophil. Editioun (François Schortgen), 2001.
  • Ce siècle qui avait deux ans, poèmes à la mémoire de Victor Hugo, mam Roger Bertemes. Éd. Les Amis de la maison de Victor Hugo, Vianden 2002
  • Pourquoi ça sourit quand ça meurt, bibliophil Editioun (Jean Delvaux), Redfoxpress 2003.
  • Leyla ou le poème au-delà. Éd. En Forêt/Im Wald (trilingue), 2005.
  • Confidences d'un rocher (mam Moritz Ney). Éd. MédiArt, 2006.
Remove ads

Literatur

Um Spaweck

Referenzen

  1. Cf. Sahl 2007 an der Literatur.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads