Februar

den zweete Mount vun engem Joer From Wikipedia, the free encyclopedia

Februar
Remove ads

De Februar (Spierkel) ass den zweete Mount am Gregorianesche Kalenner. Normalerweis huet hien 28 Deeg, an engem Schaltjoer sinn et der 29. Et ass awer och dräimol an der Geschicht virkomm, datt et en 30. Februar gouf.

12
3456789
10111213141516
17181920212223
2425262728
Thumb
Duerstellung vum Februar am Les Très Riches Heures du duc de Berry

Den Numm kënnt vum Laténgesche (mensis) februarius "Rengegungsmount" a bezeechent de leschte Mount am alréimesche Joer an deem senger zweeter Hallschent Rengegungs- a Sühneaffer fir déi Lieweg an déi Doudeg gemaach gi sinn (vgl. och: lat. februare = rengegen, februum = Rengegungsmëttel).

D'Bezeechnung Spierkel am ale lëtzebuergesche Kalenner kënnt vu Spierk, der Méizuel vu Spuerk, wat näischt anescht wéi e Bam- oder Zantstomp ass - eng Form wéi se och d'Äiszapfen hunn, déi een an deem Mount dacks un den Diech oder u Fielse fënnt.

Den alen däitschen Numm ass Hornung, Sporkel oder Schmelzmond. De Begrëff Hornung huet laut Duden "Baaschtert" bedeit a sech dorop bezunn dat de Februar de kierzte Mount am Joer war, also gewëssermoossen de Stoussnéckel.

Well de Februar de leschte Mount am Réimesche Kalenner war, war et Brauch, een oder zwéi Schaltdeeg bäizehänken. Dëse Brauch gouf vum julianeschen a vum Gregorianesche Kalenner iwwerholl.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Februar – Biller, Videoen oder Audiodateien
Méint
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads