Gemeng Feelen
lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Dikrech From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Gemeng Feelen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen am Kanton Dikrech. De Chef-lieu ass d'Uertschaft Nidderfeelen.
Remove ads
Uertschaften an der Gemeng[1]
- Nidderfeelen
- Uewerfeelen
Déi zwou Uertschafte sinn och identesch mat den zwou Kadastersektioune vun der Gemeng.
Zu der Gemeng Feelen gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:
Geschicht
Am Joer 963 huet den Ardennergrof Siegfried Lännereien zu Viulna (Feelen) géint de Bockfiels getosch.
Duerch d'Gesetz vum 20. Januar 1874 goufen den 1. Januar 1875 d'Uertschaften Uewermäerzeg an Ënnermäerzeg vun der Gemeng Feelen ofgetrennt fir déi selbstänneg Gemeng Mäerzeg ze bilden[2].
Entwécklung vun der Awunnerzuel

Source: STATEC
Wopen
| Beschreiwung am Originaltext:
D'argent au lévrier courant de sable accompagné de trois feuilles de nénuphar de gueules[3]. Déi Feelener Häre ware Vassalle vun de Buerschenter, déi de Wope mat der Beschreiwung D'argent à trois feuilles de nénuphar de gueules gefouert hunn. |
Remove ads
Kommunal Gebaier
Buergermeeschteren
- ... - 1848: Jean Berns[6]
- 1849: Jacques Heinen[7]
- ...
- 1930 - 1963: Eugène Reiser
- ...
- Juli 1979 - 1993: Marcel Thill
- ...
- 1994 - 2013: Fernand Etgen[8]
- ? - haut: Fernand Mergen
Gemengeblat
D'Gemengeblat heescht De Louschlëssel.
Feelener Pompjeeën
Den 19. November 2004 gouf zu Nidderfeelen dat neit Pompjeesgebai ageweit. Datt et dozou koum, war der Fusioun ze verdanken, déi et erlaabt huet, d'Pompjeeswiesen ze zentraliséieren. Nodeem déi Nidderfeelener Pompjeeën mat deene vun Uewerfeelen fusionéiert haten, konnt deen neie Corps Pompjeeën Feelen gegrënnt ginn. Fir bal annerhallef Millioun Euro gouf en neit Gebai opgeriicht mat véier Plaze fir Gefierer, e modernen Instruktiounssall, e Büro, eng kleng Kichen, en Otemschutzraum mat Fëllméiglechkeet fir d'Pressloftfläschen, en Depot fir Material a getrennt Sanitäranlagen.
Fir datt de Corps soll uerdentlech ekipéiert sinn, krut en en neien TLF. Et ass en TLF 2000 STAA (Staffel-Allrad-Automatik), dee bis zu 2.000 Liter Waasser an 200 Liter Läschschaum gelueden huet. De Won weit 11.580 Kilo, huet Plaz fir sechs Persounen an enger Duebelekippekabinn. Vir ass en ausstafféiert mat enger Buedemsprutzanlag. E Liichtpotto fir nuets an eng Ariichtung fir Schnellugrëff an zwéin integréiert Otemschutzapparaten an der Kabinn huet en och. Well déi staatlech Instanzen an dësem Fall et net fir néideg fonnt haten, fir de Won (270.000 €) ze subventionéieren, huet d'Gemeng dat eleng gedroen.
Den 22. Oktober 2005 krut de Corps en neien Asazwon, e Pick-Up.
Remove ads
Interkommunal Syndikater
D'Gemeng Feelen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Literatur
- Decker, François, 1963. Feulen: 963-1963. Beitrag zur tausendjährigen Geschichte der Pfarrei und der Gemeinde., Sankt-Paulus-Druckerei, 1963, 436 S.
Kuckeswäertes
- 1961 gouf d'Parkierch mam ale Kierfecht niewendrun op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter gesat an als Nationalmonument klasséiert.
- De Kulturzentrum Hennesbau, an den 1820er Joren als Loumillen gebaut, ass zanter 2012 op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Feelen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Feelen
- D'Gemeng Feelen op der Websäit vum Syvicol
- Offiziell Säit vun der Feelener Musek
- Offiziell Säit vum Feelener Footballclub US Feelen
Referenzen
- D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- Am Originaltext steet wéinst engem Schreiffeeler gueule amplaz gueules
- (fr) Centre Warkdall | Bauhärepräis. bhp.lu Archivéiert de 17.05.2023. Gekuckt de 17.05.2023.
- "Rathaus-Geschichten: Feulen." wort.lu [w+], 28.01.2021.
- Memorial N°16 vun 1849 mat dem ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 13 février 1849, n°12, portant nomination de bourgmestres
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
