Feier
Virgank vun der Verbrennung From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Feier bezeechent de Virgank vun der Verbrennung, d. h. vun enger séierer Verbindung vu brennbare Stoffer mat Sauerstoff, woubäi Liicht a Wäermt entstinn.

Wéi d'Mënsche bis d'Feier Meeschter gi sinn, si se a ganze Schotz an der Evolutioun no vir komm. D'Feier kacht de Kascht, bréngt Luucht an d'Däischtert, wiermt de Mënsch a verdreift wëll Déieren. Spéidere Gebrauch ass d'Brenne vun Zillen an d'Erhëtze vu Waasser fir d'Dampkraaft auszenotzen.
Feier kann een op eng sëllegen Aart a Weise maachen. Primitiv Vëlker bueren oder reiwen dréchen Hëlzer géinteneen, oder schloe Steng openee fir Fonken ze kréien. Eng Weiderentwécklung war de Feierstol, dee bis an d'17. Joerhonnert a Gebrauch war, an deen aus engem gebéite Stéck Stol bestanen huet, dat géint e Feierstee geschloe gouf. Ëm 1830 koumen dunn déi éischt Fixspéin op de Maart.
Remove ads
Kuckt och
- Brandschutz
- Pyrotechnik
- Feierläscher
- Symbolik vum Feier an der Bibel
Um Spaweck
| Commons: Feier – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
