Flouernumm

Toponym deen en iwwerliwwerten Numm vun engem Dällchen, enger Supp, enger Kopp, oder vun enger Plaz um Flouer bezeechent From Wikipedia, the free encyclopedia

Flouernumm
Remove ads

De Flouernumm, ass en Toponym. E bezeechent en iwwerliwwerten Numm vun engem Dällchen, enger Supp, enger Kopp, oder wéi den Numm et seet, vun enger Plaz um Flouer.

Thumb
Thumb
Schëld mat enger falscher Schreifweis

Am Kadasterwiesen zu Lëtzebuerg sinn dacks däitsch Flouernimm ze fannen. Dat ass dorop zeréckzeféieren, well däitschsproocheg (hessesch) Beamten, am 19. Joerhonnert, déi mat munneche Lauter, wéi den éi oder ë net eens gi sinn, an déi lëtzebuergesch Nimm no hirem Ouer opgeschriwwen hunn (z. B. "Marktbusch" fir Maartbësch).

Eréischt um Enn vum 20. Joerhonnert goufen dës Nimm op den topographesche Kaarten op Lëtzebuergesch an an déi haiteg Schreifweis gesat.

Dëst ass de Grond dofir, datt ee bis haut sëllege Schreifweise fir déi selwecht Plaz doruechter fënnt, wat duerchaus zu Duerchernee bei Leit suergt, déi sech do net auskennen (z. B. wat Nimm vu Wäilage betrëfft: Ass "Kreitzberg" dat selwecht wéi "Kreizbierg" oder "Kräizbierg"? Ass et "Goellebur", "Göllebour" oder "Gëllebur"?)

Zanter dem 29. Juli 2019 gehéieren d'Haus- an d'Flouernimm zum nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg.[1]

Remove ads

Literatur

  • Patrice Schonckert, ouni Datum. Eis Flouernimm vu gëscht bis haut - an de Gemengen Leideleng, Mäerzeg, Sandweiler a Steesel. Service central des imprimés et des fournitures de bureau de l'État.

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Flouernimm zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Dës Initiativ goung vum Jérôme Reuter a vum Jean Ensch aus: "Dossiers" op mouvement-patrimonial.lu.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads