Formel 1
Rennserie am Automobilsport From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Formel 1 (offiziell FIA Formula One World Championship, kuerz och F1) ass eng Rennserie am Automobilsport déi all Joer als Weltmeeschterschaft ausgedroe gëtt.
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |


Remove ads
Geschicht
Punkten an der Formel-1-Weltmeeschterschaft
Generell gi Punkte bei der Formel-1-WM nëmme fir d'Coursse verdeelt, an net fir de Qualifying. Fir dës Plaze gëtt et follgend Punkten:
- 1. Plaz: 25 Punkten
- 2. Plaz: 18 Punkten
- 3. Plaz: 15 Punkten
- 4. Plaz: 12 Punkten
- 5. Plaz: 10 Punkten
- 6. Plaz: 8 Punkten
- 7. Plaz: 6 Punkten
- 8. Plaz: 4 Punkten
- 9. Plaz: 2 Punkten
- 10. Plaz: 1 Punkt
An all Course kann ee Pilot ënnert den Top-Ten déi séierst Courseronn kréien, déi vu 1950 bis 1959 a vun 2019 bis 2024 um Enn vun der Course mat engem Punkt belount gouf.
An all Joer kann eng Ecurie de séierste Pitstop kréien, wat hei mat engem zousätzlechem Punkt um Enn vun der Saison belount gëtt.
Wann d'Course muss ofgesot ginn, wéinst engem schwéieren Accident oder schlechtem Wieder, an nach keng 75 % vun der Course gefuer goufen, ginn d'Punkten duerch zwee gedeelt. Dat heescht: de Gewënner kritt da just 12,5 Punkten. Dës Bestëmmung gouf 2010 agefouert.
Remove ads
Fernsee-Iwwerdroung
Zanter 2021 weist RTL Zwee de Qualifying an d'Course a vun 2024 zousätzlech och nach de fräien Training.
Grousse Präis vu Lëtzebuerg
Am Joer 1997 an 1998 gouf et e Grousse Präis vu Lëtzebuerg; deen um Nürburgring an Däitschland ausgedroe gouf.
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Formel 1 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
