Fotoplack

From Wikipedia, the free encyclopedia

Fotoplack
Remove ads

Als Fotoplack bezeechent een eng Plack aus Metall (Héliogravuren nom Niépce, Daguerreotypie) oder Glas, déi mat enger Fotoemulsioun beschicht gouf.

Thumb
AGFA Drecheplack, zirka 1880

Geschicht an Entwécklung

Thumb
Negativplack

Dat éischt Material dat gebraucht gouf fir Fotoemulsiounen opzedroen, war Glas. Eréischt mat der Erfindung vum Zelluloid gouf d'Produktioun vu fotografesche Filmer méiglech. Filmer si méi liicht a loosse sech, z. B. als Rollfilm, besser gebrauche wéi Fotoplacken. Ausserdeem gëtt et keng Brochgefor wéi bei de Fotoplacken. Sou goufen d'Fotoplacke vu bal alle Gebidder vun der Fotografie verbannt.

Nëmmen do wou d'Virdeeler vun der Fotoplack, nämlech d'Formstabilitéit, glat Flächen a Widderstandsfäegkeet géint Ëmweltaflëss vu spezieller Bedeitung sinn, gouf si och weider gebraucht - sou zum Beispill an héichprezise Spezialkamerae fir photogrammetresch Biller.

Weeër fir d'Produktioun vu fotografesche Placke waren ënner anerem d'Heliographie, d'Daguerreotypie, d'Talbotypie oder d'Kalotypie souwéi d'Kollodium-Naassplack an d'Gelatine-Drécheplack.

Remove ads

Astrofotografie

An der Astrofotografie erméiglechen d'Fotoplacke Biller vu grousse Stärefelder exakt an ekonomesch auszemiessen. Ee vun de weltwäit gréissten Archive vu Fotoplacke steet am vum Cuno Hoffmeister gegrënnten Observatoire Sonneberg zu Sonneberg an Thüringen (D). Méi wéi 11.000 verännerlech Stäre goufen do op Fotoplacken entdeckt. Duerch de Gebrauch vun ëmmer méi groussen CCD-Sensore verléieren Fotoplacken an der Astronomie allerdéngs u Bedeitung.

Se goufen och als Detekteren a Massespektrometer benotzt. Do hu si allerdéngs keng Photonen detektéiert mä Ionen.

Remove ads

Literatur

  • Peter Kroll, Constanze La Dous, Hans-Jürgen Bräuer: Treasure Hunting in Astronomical Plate Archives. (Proceedings of the international Workshop held at Sonneberg Observatory, March 4 to 6, 1999.) Verlag Harri Deutsch, Frankfurt am Main (1999), ISBN 3817115997

Um Spaweck

 Commons: Photographic plates – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads