François Gonnessiat
franséischen Astronom From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De François Gonnessiat, gebuer den 22. Mee 1856 zu Mornay, a gestuerwen den 18. Oktober 1934 zu Alger, war e franséischen Astronom.
De Gonnessiat hat ufanks am Observatoire zu Lyon geschafft. 1901 gouf hien Direkter vum Quito-Observatoire am südamerikaneschen Ecuador, wou hie geodetesch Ënnersich gemaach huet. E puer Joer méi spéit huet hien d'Leedung vum Observatoire vu Bouzareah iwwerholl, wou hie vun 1908 bis 1931 Direkter war.
De Gonnessiat huet un éischter Plaz Koméiten erfuerscht a s'och observéiert. Wärend der Zäit zu Alger huet hien zwéin Asteroiden entdeckt. Zu sengen Éiere krut den Asteroid (1177) Gonnessia säin Numm.
Remove ads
Entdeckt Asteroiden
(915) Cosette | 14. Dezember 1918 |
(931) Whittemora | 19. Mäerz 1920 |
Kuckt och
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads