Friedensreich Hundertwasser

éisträichesche Kënschtler, Designer an Architekt From Wikipedia, the free encyclopedia

Friedensreich Hundertwasser
Remove ads

De Friedensreich Regentag Dunkelbunt Hundertwasser, mam richtegen Numm Friedrich Stowasser, gebuer de 15. Dezember 1928 zu Wien, a gestuerwen den 19. Februar 2000 op der RMS Queen Elizabeth 2, virun Neiséiland, war en éisträichesche Kënschtler, Designer an Architekt.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...

Hien zielt zu deene bekanntsten éisträichesche Kënschtler vum Enn vum 20. Joerhonnert an ass bekannt fir seng Biller, Entwërf fir Fändelen, Logoen, Timberen, Mënzen an Affichen. Als Archtiekt huet hie sech agesat fir eng Architektur déi "no beim Mënsch" ass. Vun him entworfe Gebaier hunn "organesch" Formen, si faarweg, aus verschiddene Materialer, an dacks an d'Landschaft integréiert.

Hien huet och gär no bei a mat der Natur gelieft, eng Zäitchen op der Küst vun der Normandie, duerno an engem Dall an Éisträich, a méi spéit ëmmer méi am Kaurinui-Dall an der Bay of Islands an Neiséiland. Bei Venedeg huet hien den Giardino Eden mat der Villa delle Rose kaaft.

Thumb
D'Hundertwasserhaus zu Plochingen
Remove ads

Gebaier (Auswiel)

  • Hundertwasserhaus, Wien
  • Müllverbrennungsanlage Spittelau, Wien
  • Waldspirale, Darmstadt
  • KunstHausWien, Wien
  • Kindergarten Heddernheim, Frankfurt
  • Autobunns-Restaurant, Bad Fischau-Brunn, Éisträich
  • Hot Springs Village, Bad Blumau,
  • Hundertwasserkirche, Bärnbach, Éisträich
  • Markthalle, Altenrhein, Schwäiz
  • Wohnen unterm Regenturm, Plochingen, Däitschland
  • Quixote Winery, Napa Valley, (USA), 1988–1998
  • Maishima Verbrennungsuewen, Osaka (Japan), 1997–2000
  • Hundertwasser Toilette, Kawakawa (Neiséiland), 1999
  • Gare Uelzen, (Däitschland), 1999–2001
  • Die Grüne Zitadelle von Magdeburg, Magdeburg, 2003–2005
  • Ronald McDonald Kinder Vallei, Valkenburg aan de Geul, Holland
  • Kuchlbauer-Turm, Abensberg, Däitschland, 2008–2010
Remove ads

Biller

Thumb
Hot springs, Bad Blumau


Documentairen

  • Ferry Radax: Hundertwasser - Leben in Spiralen (1966).
  • Ferry Radax: Hundertwasser in Neuseeland (1998).
  • Peter Schamoni: Hundertwasser Regentag (1972).

Um Spaweck

 Commons: Friedensreich Hundertwasser – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads