Fruktos

cheemesch Verbindung From Wikipedia, the free encyclopedia

Fruktos
Remove ads

Fruktos (oder Fruuchtzocker) ass en Eefachzocker (oder Monosaccharid), dee séiss schmaacht an deen am Hunneg an am Uebst virkënnt. En ass awer och e Bestanddeel vu verschiddenen Zockeraarten an ass och als Séissmëttel ze brauchen.

Méi Informatiounen Eegenschaften, Léislechkeet ...
Remove ads

Eegenschaften

Am Verglach zur Glukos, gëtt d'Fruktos nëmme ganz lues vum Dënndaarm resorbéiert. De Bluttzockerspigel geet dofir ganz lues an d'Luucht.

Virdeel vum Fruuchtzocker ass, datt fir de Stoffwiessel keen Insulin gebraucht gëtt an dofir vun Diabeetiker benotzt ka ginn. Trotzdeem soll de Fruuchtzocker vun Diabetes mellitus Patienten a Moosse geholl ginn, well een Deel dovun, vun der Liewer a vun den Nieren a Glukos ëmgewandelt gëtt.

Remove ads

Gesondheetswäert

De Fruuchtzocker ass och net méi gesond wéi den einfachen Haushaltszocker, well geneesou vill Energie a keng wichteg Nierstoffer dra sinn.

Kuckt och

  • Fruktosintoleranz

Um Spaweck

 Commons: Fructose – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads