Gemeng Helperknapp

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Miersch From Wikipedia, the free encyclopedia

Gemeng Helperknapp
Remove ads

D'Gemeng Helperknapp läit am Kanton Miersch an ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Tënten. D'Märei ass an der Huelmesser Strooss.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Helperknapp. Fir d'Knupp mat deem Numm, kuckt wgl. Helperknapp.
op ee Bléck Aussprooch, An anere Sproochen ...

D'Gemeng ass den 1. Januar 2018 aus der Fusioun vun de Gemenge Béiwen-Atert an Tënten entstanen. Den Numm kënnt vun der markanter Knupp Helperknapp hier, déi graff gekuckt um hallwe Wee tëscht den Uertschaften Tënten a Béiwen läit.

Remove ads

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]

Geographie

Geschicht

Fusioun

Den 1. Januar 2018 huet d'Gemeng Tënten mat der Gemeng Béiwen-Atert zur Gemeng Helperknapp fusionéiert. Dës Fusioun ass de 25. Mee 2014 an engem Referendum mat 69,5 % zu Béiwen a mat 64,5 zu Tënten guttgeheescht ginn.[2] De 24. Februar 2016 huet d'Chamber eestëmmeg dem Gesetz fir déi Fusioun, zum 1. Januar 2018, zougestëmmt.[3] An enger éischter Phas war geplangt, datt och d'Gemeng Sëll sollt mat fusionéieren, déi schlussendlech awer een anere Wee gaangen ass.[4]

Awunnerzuel

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Politik

Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf de Gemengerot vun der Gemeng Helperknapp eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt.

Resultater

Méi Informatiounen Joer, EB* ...

* EB = Engagéiert Bierger; AzH = All zesummen Helperknapp

Buergermeeschteren

  • 2018 - 2019: Paul Mangen
  • 2019 - 2023: Frank Conrad[5]
  • zanter 2023: Paul Mangen[6]

Wopen

D'Fusiounsgemeng Helperknapp huet kee Wopen; se benotzt e Logo, deen engem Wope gläicht, awer keen ass.

Thumb
Logo vun der
Gemeng Helperknapp
De Logo symboliséiert den Helperknapp, e gréngen Hiwwel, als Referenz un déi vill Bëscher an der Regioun. Zwou vertikal Sträifen, déi sech iwwert den Helperknapp verlängeren, bilden de grousse Buschtaf „H“ (fir Helperknapp).

De gréngen Toun symboliséiert d'Natur a steet fir d'ländlech Identitéit vun der Gemeng. Déi brong Faarf am Text erënnert souwuel un d'Äerd wéi och un de lokale Steen, deen an der traditioneller Architektur an an der lokaler Ierfschaft ze fannen ass.​​

Remove ads

Partnerschafte mat auslännesche Stied

Gemengesyndikater

D'Gemeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. (fr) Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (11.07.2023). Gekuckt den 11.07.2023.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads