Gerald Ford
US-amerikanesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Gerald Rudolph Ford, Jr., gebuer de 14. Juli 1913 zu Omaha, Nebraska, a gestuerwen de 26. Dezember 2006 zu Rancho Mirage, Kalifornien, war vun 1974 bis 1977 den 38. President vun den USA (Republikanesch Partei). Hien ass deen eenzegen amerikanesche President dee virdrun ni als President oder als Vizepresident gewielt gouf. Dem Gerald Ford säi Virgänger, de Richard Nixon, huet misse wéinst der Watergate-Affär zerécktrieden an doropshin ass de Gerald Ford President ginn.
Remove ads
De Vizepresident
Wéi de Vizepresident Spiro Agnew an der Zäit vun der Presidentschaft vum Richard Nixon zeréckgetrueden ass, huet deen de Ford als Nofollger designéiert. De Senat huet de 27. November 1973 mat 92:3 Stëmmen zougestëmmt. De 6. Dezember huet d'Representantenhaus mat 387:35 Stëmmen och säin Accord ginn.
Um Spaweck
| Commons: Gerald Ford – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
