Gerda Taro

däitsch Fotografin From Wikipedia, the free encyclopedia

Gerda Taro
Remove ads

D'Gerda Taro, gebuer als Gerta Pohorylle den 1. August 1910 zu Stuttgart, a gestuerwen de 26. Juli 1937 zu El Escorial a Spuenien, war eng däitsch Fotografin an ass nach haut fir hir Biller vum Spuenesche Biergerkrich bekannt.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...

Si war d'Duechter vu jiddeschen Elteren, dem Heinrich Pohorylle an der Gisela Boral. D'Eltere waren ëm 1909 vun Ostgalizien (deemools en Deel vum Habsburger Räich) an d'Däitscht Räich geplënnert, fir d'éischt op Reutlingen, duerno op Stuttgart.

Op der Charlotteschule zu Stuttgart huet si ënner anerem Franséisch an Englesch geléiert, an do 1927 hiren Ofschloss gemaach. Duerno goung si fir e Joer an e Pensionat bei Lausanne, wou och nach Spuenesch, Stenografie a Schreifmaschinn derbäikoumen.

Ufanks vun den 1930er Joren – d'Famill war an der Tëschenzäit op Leipzig geplënnert – war d'Gerta du mat Fluchblieder a Plakataktiounen un de Manifestatioune géint den Nationalsozialismus bedeelegt. An der Nuecht vum 18. op den 19. Mäerz 1933 gouf si vun der SA a „Schutzhaft“ geholl an eréischt de 4. Abrëll erëm fräigelooss.

Am selwechte Joer ass si, no enger Warnung vun engem Frënd deen an der SS war, op Paräis geflücht.

Do huet si 1934 den ungaresche Fotograf André Friedmann kennegeléiert, mat deem si duerno och zesumme war. Op senge Reesen huet si fir hie gedolmetscht a Bildënnerschrëfte geschriwwen. Iwwer hien an eng Rëtsch aner Fotografen – dorënner den Henri Cartier-Bresson - koum si schliisslech selwer zur Fotografie.

Warscheinlech fir hir Biller zu engem bessere Präis verkafen ze kënnen, huet d'Koppel dunn decidéiert, sech ëmzebenennen. Aus der Gerta Pohorylle gouf d'Gerda Taro an aus dem André Friedmann de Robert Capa.

Am Juli 1936 hu si dunn decidéiert, den Ausbroch vum Spuenesche Biergerkrich ze dokumentéieren.

Um Sonndeg, de 25. Juli 1937, gouf d'Gera Taro vun engem Panzer iwwerrullt a schwéier blesséiert. Si ass e puer Stonnen drop an engem Frontlazarett zu El Escorial gestuerwen.

D'Gerda Taro gouf op hirem 27. Gebuertsdag um Paräisser Kierfecht Père-Lachaise bäigesat.

Remove ads

Literatur

Imre Schaber: "Gerda TARO Fotoreporterin - Mit Robert Capa im Spanischen Bürgerkrieg - Die Biografie", Jonas-Verlag, Marburg 2013, ISBN 978-3-89445-466-1

Um Spaweck

 Commons: Gerda Taro – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads