Guernsey

From Wikipedia, the free encyclopedia

Guernsey
Remove ads

Guernsey läit am Äermelkanal an ass déi zweetgréisst brittesch Kanalinsel.

Thumb
Panoramavue vu Saint-Peter's Port
Thumb
D'Hauteville House, haut e Musée, wou de Victor am Exil gelieft huet

Geschichtleches

  • De franéisesche Schrëftsteller Victor Hugo gouf 1851 a Frankräich internéiert an dunn an d'Exil geschéckt. En huet sech fir d'éischt op der Kanalinsel Jersey an dunn op Guernsey néiergeloss, wou e bis 1871 zu St. Peter Port am Hauteville House, dat haut e Musée ass a besichtegt ka ginn, gewunnt huet. Do huet hien och ënner anerem Les Misérables geschriwwen.
  • Am Zweete Weltkrich, onmëttelbar nom Ufank vum Frankräichfeldzuch, gouf och do en däitschen Ugrëff gefaart. Dofir sinn all usässeg Däitsch an Éisträicher internéiert ginn. Den 20. Mee 1940 huet dunn d'SS Biarritz mat 1.000 Zaldoten, dem Vizegouverneur a senger Famill an de franséischen Zaldoten am englesche Verwaltungspersonal d'Insel verlooss, déi domat ganz demilitariséiert war. Den 30. Mee 1940 sinn du 5 Junkers-Truppentransporter op Guernesey gelant an d'Insel gouf vun der däitscher Wehrmacht besat. D'Insel gouf befestegt, fir als Ausgangsstellung bei engem Ugrëff op England ze déngen an och fir en Ugrëff vun den Alliéierte vum Kontinent aus ofwieren ze kënnen. Den Dag vun der Befreiung koum den 9. Mee 1945, a gëtt op Guernesey all Joer op deem Dag gefeiert.
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Guernsey – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads