Gust Goerens

lëtzebuergesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Gust (Auguste) Goerens, gebuer den 12. Dezember 1921 zu Schieren, a gestuerwen den 13. Oktober 2016 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.[1],[2],[3]

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

De Gust Goerens, dee vu Beruff Bauer war, ass 1966 fir d'éischt Kéier an de Schierener Gemengerot gewielt ginn.[1] Hie war Schäffe vun der Gemeng Schieren vun 1966 bis 1977 a Buergermeeschter vun 1978 bis 1994[4].[5]

Am Zweete Weltkrich war de Gust Goerens 1944 vun der Gestapo verhaft an an der Villa Pauly schwéier mësshandelt ginn.[1]

De Gust Goerens hat sech 1948 mat der Marguerite Hoffmann bestuet, der Duechter vum Emile Hoffmann an der Gertrude Metz vum Mathgeshaff, deen hie vun de Schwéierelteren iwwerholl huet.[1]

De Gust Goerens ass de Papp vum Charel Goerens.

Remove ads

Literatur

Referenzen

  1. Heinrich 2016.
  2. Luxemburger Wort 14.10.2016, S. 57 (Doudesannonce).
  3. De Gust Goerens op der Websäit ons-jongen-a-meedercher.lu
  4. De P. Heinrich schreift, de G. Goerens hätt sech am Dezember 1993 aus der Politik zeréckgezunn.
  5. Luxemburger Wort 15.10.2016, S. 94 (avis mortuaires: Annonce vun der Schierener Gemeng).
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads