Gustave Garrigou
Franséosche Vëlossportler From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Gustave Garrigou, gebuer de 24. September 1884 zu Jaoul-Vabre, a gestuerwen den 28. Januar 1963 zu Esbly, war e franséische Vëlossportler an Tour de France-Gewënner.
Remove ads
Biographie
De Garrigou war Profi vun 1907 bis 1914.
Hien ass vun 1907-1908 an der Ekipp Peugeot gefuer, duerno vun 1909 bis 1912 bei Alcyon, a vun 1913 bis 1914 erëm bei Peugeot.
Hie war och dacks den Zweeten an zwar bei Milano-Sanremo (1907 an 1912), bei Bordeaux-Paris (1911) a bei Paris-Roubaix (1912).
Bei Bordeaux-Paris war hien och nach 1907 an 1912 den Drëtten.
2008 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.
Spëtznumm
- Lord Brummel
Remove ads
Palmarès
- Tour de France: 1911
- 8 Etappe gewonnen am Tour de France
- Franséisch Stroosselandesmeschterschaften: 1907 an 1908
- Tour de Lombardie: 1907
- Milano-Sanremo: 1911 (2.: 1907, 1912)
- Paris-Bruxelles: 1907, (2.: 1909)
- Circuit de Brescia: 1910
Resultater am Tour de France
- Tour de France 1907: 2. am Generalklassement a Gewënner vun 2 Etappen
- Tour de France 1908: 4. am Generalklassement
- Tour de France 1909: 2. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp
- Tour de France 1910: 3. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp
- Tour de France 1911: 1. am Generalklassement a Gewënner vun 2 Etappen
- Tour de France 1912: 3. am Generalklassement
- Tour de France 1913: 2. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp
- Tour de France 1914: 5. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp
Um Spaweck
- Profil op cyclingarchives.com (en)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads