Haiti

Staat an der Karibik From Wikipedia, the free encyclopedia

Haiti
Remove ads

Haiti (haitianesche Kreol: Ayiti; fr.: Haïti) ass en Inselstaat an de Groussen Antillen an der Karibik. Haiti ëmfaasst de westlechen Deel vun der Karibikinsel Hispaniola, den Ostdeel dovun ass d'Dominikanesch Republik.

Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Haiti

Thumb

Thumb

Detailer

Detailer
National Devise: L'union fait la force[1]
("Eenegkeet mécht staark")
Thumb
Offiziell Sprooch: Franséisch, Kreol (Haiti)
Haaptstad: Port-au-Prince
Staatsform: Republik
  President: Edgard Leblanc Fils
  Premierminister: Fritz Belizaire
Fläch: 27.750 km²
Bevëlkerung: 11.470.261[2]
  Bevëlkerungsdicht: 413,3/km²
Onofhängegkeet: 1. Januar 1804 vu Frankräich; 17. Abrëll 1825 unerkannt
Nationalhymn: La Dessalinienne
Wärung: 1 Gourde HTG = 100 Centimes
Zäitzon: UTC -5 (keng Summerzäit)
Internet TLD: .ht
Internationalen
Telefonsprefix
:
+509
Thumb

Den Numm kënnt aus der Sprooch vun den Taíno, den Urawunner vun Hispaniola, a bedeit "biergesch Land". De Gros vun den 9 Milliounen Awunner staamt aus Afrika. Port-au-Prince heescht d'Haaptstad vun Haiti.

Haiti ass dat eenzegt Land vum amerikanesche Duebelkontinent, dat zu den am mannsten entwéckelte Länner gezielt gëtt. Eng schwach Ekonomie an instabil politesch Verhältnesser mat heefegen Onroue sinn d'Ursaachen dofir, datt iwwer 3 Milliounen Haitianer an den 1990er Joren ausgewandert sinn.

Den 12. Januar 2010, ëm 16.53 Lokalzäit, huet en Äerdbiewen mat der Amplitud 7 dat ganzt Land erfaasst a sämtlech Infrastrukture staark beschiedegt. Den Epizentrum louch am Mier, 15 km virun der Haaptstad Port-au-Prince, déi zu 90% zerstéiert gouf.[3]

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Haiti – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Déi selwecht Devise hunn d'Belsch a Bulgarien.
  2. Quell: CIA World Factbook 2023.
  3. Radio 100komma7, 12:30 Auer, 16. Januar 2010.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads