Harel
Duerf a Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Harel ass eng Uertschaft a Kadastersektioun an der Stauséigemeng.
| Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Büroe vun der Gemeng sinn zanter Januar 2023 provisoresch zu Harel, well d'Märei zu Béiwen ofgerappt gouf an nei gebaut gëtt[1].
Remove ads
Geographie
D'Uertschaft läit op enger Héicht vu 417 m. (bei der Kierch) bis 480 m. (beim Futtballsterrain) um CR309, tëscht Walter am Nordosten an dem Hareler Poteau am Südosten.
Verkéier
Vun Harel kënnt een iwwer den CR309 an den CR315 bei Béiwen op d'N26 .
E Gemengewee leeft a Richtung Nordwesten op d'belsch Grenz a vun do aus virun op Läitrem, en aneren a südwestlecher Richtung op Liischpelt.
Hydrographie
Vu Walter erof leeft d'Hareler Baach duerch d'Uertschaft a Richtung Sir.
Kuckeswäertes
- Kierch Harel
- D'Monument fir de Jean-Baptiste Fallize an d'Kapell op der Plaz vun der fréierer Gierwerei, op der belsch-lëtzebuergescher Grenz, am Dall vun der Bëtler Baach.
- Fatima-Kapell
Biller
- Zu Harel, a Richtung vum Hareler Poteau
- Déi provisoresch Märei (Abrëll 2023)
- D'Hareler Baach am Duerf
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Harel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- (fr) Déménagement de la commune à Harlange. Lac-Haute-Sûre (16.01.2023). Gekuckt den 02.04.2023.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
