Helmuth Lohner

éisträichesche Schauspiller, Theater- an TV-Regisseur From Wikipedia, the free encyclopedia

Helmuth Lohner
Remove ads

Den Helmuth Lohner, och Helmut Lohner gebuer de 24. Abrëll 1933 zu Wien, an och do gestuerwen den 23. Juni 2015, war en éisträichesche Schauspiller, Theater- an TV-Regisseur.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

Den Helmuth Lohner hat am Joer 1952 säi Bünendebut am Theater zu Baden. Weider Etappen a senger Theatercarrière ware Berlin, München, Hamburg, Düsseldorf an Zürich. Zu Wien huet hien am Theater in der Josefstadt an am Burgtheater gespillt. An den 1990 Joren ass hien e puermol zu Salzburg am Hugo von Hofmannsthal sengem Stéck Jedermann opgetrueden. Vun 1997 bis 2006 war hien Direkter vum Theater in der Josefstadt.

Am Kino war hien haaptsächlech an Ënnerhalungsfilmer ze gesinn. Op der Tëlee war hien als Schauspiller an als Regisseur aktiv.

De Lohner war zweemol mat der Schauspillerin Susanne Cramer a vun 1962 bis 1976 mat der Schauspillerin Karin Baal bestuet. Hien ass de Papp vun der Schauspillerin Therese Lohner.

Remove ads

Filmographie

Kino

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Helmuth Lohner – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads