Henning Mankell

schweedesche Schrëftsteller an Theaterregisseur From Wikipedia, the free encyclopedia

Henning Mankell
Remove ads

Den Henning Mankell, gebuer den 3. Februar 1948 zu Stockholm, a gestuerwen de 5. Oktober 2015 zu Göteborg, war e schweedesche Schrëftsteller an Theaterregisseur, dee virun allem fir seng Krimië mam Kommissar Kurt Wallander bekannt gouf.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...

Hien huet Schauspill studéiert an 1968 säin éischt Stéck geschriwwen, an och dat éischt als Regisseur opgefuouert. An den 1970er Joren huet hien an Norwegen gewunnt a geschafft; an där Zäit huet hien och ugefaangen, Prosa ze schreiwen. 1972 ass hien an Afrika gereest, wat hien, wéi och säi Wierk dono, staark markéiert huet. 1973 koum mat Bergsprängaren säin éischte Roman eraus, deen, wéi och déi zwéin an de Joren dono, e gesellschaftskriteschen Hannergronn hat.

An den 1980er Joren huet den Henning Mankell als Theaterregisseur an Intendant ë. a zu Skellefteå an zu Växjö geschafft. Hien ass weiderhin dacks an Afrika gereest, sou datt Maputo, am Mosambik, eng Zort zweet Heemecht fir hie gouf. Do huet hien an där Zäit och ugefaangen, eng Theatertrupp opzebauen. 1996 gouf hien Direkter vum Teatro Avenida zu Maputo. E puer vu senge Bicher spillen a Mosambik.

Manner bekannt ass, datt de Mankell och eng ganz Rëtsch Kanner- a Jugendbicher geschriwwen huet. Politesch a gesellschaftlech Sujeten hunn a senge Bicher ëmmer eng wichteg Roll gespillt, wéi dat z. B. am Kriminalroman Kinesen (de.: Der Chinese) de Fall ass. Och privat huet hie sech notamment géint déi portugisesch Kolonialpolitk, d'Apartheid an d'Besetzungspolitk vun Israel engagéiert. 1991 koum mat Mördare utan ansikte (de.: Mörder ohne Gesicht säin éischte Krimi mam Kommissar Kurt Wallander eraus, engem éischter granzegen, mä grueden an autentesche Polizist. Dëse, wéi och spéider Bicher aus där Serie, haten international e grousse Succès.

Remove ads

Wierker (mam Titel vun der däitscher Iwwersetzung)

D'Wallander-Romaner

Méi Informatiounen Publikaztiounsjoer, Originaltitel ...

*) fir d'éischt 2004 an Holland erauskomm

soss Romaner

Méi Informatiounen Publikatiounsjoer, Originaltitel ...

Theaterstécker (an däitscher Iwwersetzung)

  • Butterfly Blues
  • Zeit im Dunkeln
  • Antilopen
  • Der gewissenlose Mörder Hasse Karlsson enthüllt die entsetzliche Wahrheit, wie die Frau über der Eisenbahnbrücke zu Tode gekommen ist
  • Der Chronist der Winde
  • The Doors, mam Theater Avenido vu Maputo] 2011

Kannerbicher

  • Katten som älskade regn, 1992 (de: Ein Kater schwarz wie die Nacht, 2000).
  • Hunden som sprang mot en stjärna, 1990 de.: Der Hund, der unterwegs zu einem Stern war, 1992 (Joel Band 1)
  • de.: Die Schatten wachsen in der Dämmerung, 1994 (Joel Band 2)
  • de.: Der Junge, der im Schnee schlief, 1998 (Joel Band 3)
  • de.: Die Reise ans Ende der Welt, 1998 (Joel Band 4)
Remove ads

Literatur

  • Rainer Sens: Dem Kommissar auf der Spur. Stein, Welver, 2003. ISBN 978-3-89392-532-2
  • Henning Heske: Die Globalisierung des Verbrechens. Über die Kriminalromane von Henning Mankell. In: ders. (Hg.): Fausts Phiole. Über Poesie und Wissenschaft. Bernstein, Bonn, 2006. ISBN 3-9809762-3-8
  • Kevin Keijo Kutani: Der Kriminalroman als Medium für (allgemeine) Gesellschaftskritik: Am Beispiel des schwedischen Autors Henning Mankell.Diplomica Verlag, Hamburg, 2014. ISBN 978-3842895263.
  • Kirsten Jacobsen: Mankell über Mankell. Kurt Wallander und der Zustand der Welt. Zsolnay, Wien 2013, ISBN 978-3-552-05640-4 (Biografie)
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Henning Mankell – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads