Hermann Staudinger
däitsche Cheemiker an Nobelpräisdréier From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Hermann Staudinger, gebuer den 23. Mäerz 1881 zu Worms, a gestuerwen den 8. September 1965 zu Freiburg im Breisgau, war en däitsche Cheemiker an Nobelpräisdréier.
Den Hermann Staudinger war organesche Cheemiker an huet d'makromolekulär Chimie (Polymerchimie, oder Chimie vun de Makromoleküler) gegrënnt. Hien huet wichteg Bäiträg zu der Strukturopklärung vun de Makromoleküler Cellulos, Steift, Kautschuk a Polystyrol geleescht. Hien huet d'Stoffgrupp vun de Ketenen entdeckt an huet e Procedé fonnt fir Diazomethan duerzestellen, eng Reduktiounsmethod vu Carbonylgruppen zu Methylengruppen.
Hie war noenee Professer um Institut fir Organesch Chimie zu Karlsruhe, op der ETH zu Zürich an op der Universitéit Freiburg im Breisgau.
1953 krut hien den Nobelpräis fir Chimie "fir seng Entdeckungen um Gebitt vun der makromolekularer Chimie".
Remove ads
Gielercher
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Hermann Staudinger – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Institut für Makromolekulare Chemie op der Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg
- Deutsches Kunststoffmuseum: Harmann Staudinger
Referenzen
- Bundesanzeiger Januar 1952
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
