Herodot

griicheschen Vëlkerkundler, Geograph an Historiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Herodot
Remove ads

Den Herodot vun Halikarnassos, gebuer géint 485, a gestuerwe géint 425, war e griichesche Reesenden, Vëlkerkundler, Geograph an Historiker.

All Datumen an dësem Artikel si sous-entendu viru Christus.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Remove ads

Säi Liewen

Den Herodot (gr.: Herodotos, lat.: Herodotus) ass zu Halikarnassos (haitegt Bodrum/Tierkei) a Klengasien op d'Welt komm. En ass vill gereest, a Persien, Egypten, Babylonien a bis bei d'Schwaarzt Mier. D'Enn vu sengem Liewen huet en am süditalieneschen Thourioi verbruecht, enger griichescher Kolonie.

Historien

Ënner dem Titel Historiai huet den Herodot e Wierk verëffentlecht, dat sech ëm d'Perserkricher am 5. Joerhonnert v. Chr. dréit. Ënner sengen Historiai versteet den Herodot an éischter Linn eng Enquête. Nodeem et ufanks nach ëm déi besot Perserkricher geet, schwäift den Herodot ganz séier of an entféiert de Lieser op eng Rees bei déi verschiddenst Vëlker. Hie stellt seng Weltkaart vir, wat eis en Opschloss dodrops gëtt, wéiwäit d'gebilte Leit vu senger Zäit geduecht hunn. De "Papp vun der Geschichtsschreiwung" ass allerdéngs net bei jiddwerengem beléift, well en dacks Mythe mat der Wourecht vermëscht. De komplette Contraire ass de faktenorientéierten Thukydides.

Remove ads

Literatur zum Theema

Um Spaweck

 Commons: Herodotus – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads