Hugo Jacob Talbot
preiseschen Entreprener From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Den Johann Hubert Jakob Hugo Talbot, gebuer de 4. Dezember 1794 zu Randerath als Bouf vum Franciscus Theodorus Tallbot an der Catharina Gertrudis Lenzen, a gestuerwen den 11. Februar 1850 zu Oochen, war e preiseschen Industriellen, Politiker an Zaldot.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
1815 huet hie fir Preisen am Feldzuch géint den Napoleon gekämpft a gouf 1818 vum 5. Rhäin-Infanterie-Regiment bei dat 1. Aachener Landwehr-Regiment versat. Zu Ooche gouf hien 1818 an d'Biergerlëscht opgeholl an an den 1830er Jore war e Member vum Stadrot. 1838 war hien ee vun de Grënner vun der Eisenbahnwagen-Fabrik Pauwels & Talbot Aachen déi 1850 no sengem Doud op Äis geluecht gouf an 1855 vu sengem Bouf Gustav Talbot rëm aktivéiert gouf.
1847 war hie Matgrënner vun der Handelsgesellschaft Piedboeuf & Cie, Aachener Walz- und Hammerwerk am Quartier Rothe Erde bei Oochen, déi 1922 vun der Arbed iwwerholl gouf.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads