Ilja Efimowitsch Repin

From Wikipedia, the free encyclopedia

Ilja Efimowitsch Repin
Remove ads

Den Ilja Jefimowitsch Repin (Russesch: Илья́ Ефи́мович Ре́пин), gebuer de 24. Julijul./ 5. August 1844greg. zu Tschugujiw, am Gouvernement Charkow, a gestuerwen den 29. September 1930 zu Kuokkala, dunn a Finnland, haut Repino am Oblast Leningrad, war e russesche Moler.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Hie gëllt als de bedeitendste Vertrieder vum russesche Realismus.

Remove ads

Wierk

Bekannt si seng Biller, an deenen en d'Liewe vum ukraineschen an dem russesch Vollek moolt a sozial Mëssstänn uprangert (kuckt z. B. säi wuel bekanntst Bild Hallefer op der Wolga). Do dernieft huet hien historesch Evenementer an Zeen gesat a Portraite vu bekannte Leit gemoolt (z. B. dem Michail Glinka, dem Modest Mussorgski, dem Dimitri Mendelejew oder dem Iwan Turgenew).

Hie war spéiderhin e Virbild fir de sowjetesche sozialistesche Realismus, deen awer net un d'Maîtrise vum Repin erukoum.

Biller (Auswiel)

Remove ads

Soss

Den Asteroid (2468) Repin gouf 1988 no him genannt.

Literatur

  • Maria Karpenko, Elena Kirillina (Hrsg.): Ilja Repin, Malerei, Graphik. Brücken-Verlag, Düsseldorf u. a. 1985, ISBN 3-87106-150-6.
  • Angelika Wesenberg, Nicole Hartje, Anne-Marie Werner (Hrsg.): Auf der Suche nach Russland. Der Maler Ilja Repin. Nicolai, Berlin 2003, ISBN 3-89479-092-X.

Um Spaweck

 Commons: Ilja Jefimowitsch Repin – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads