Inbetween

fréier lëtzebuergesch Rockband From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Inbetween war eng lëtzebuergesch Rockband.

Séier Fakten Museksgenre, Land ...
Remove ads

Bandgeschicht

Inbetween gouf am Februar 1997 ënner dem Numm "Syrinx" vum Michel Blanc (Gittar), Steve NG Colin (Gesang), Piquet Jung (Bass), Patrick Piticco (Gittar), Patrick Ramponi (Batterie) a Laurent Schleck (Keyboards) gegrënnt gouf.

Enn 1997 huet de Patrick Ramponi d'Formatioun verlooss an de Paulo Santos Nunes gouf neie Batteur, éier hien 1999 bei Fast Friday gaangen ass. De Steve NG Colin gouf vum Daniel Balthasar (1999, duerno Blue Room) fir e Joer ofgeléist. Et koum dacks zu Neibesetzungen op der Batterie, fir d'éischt duerch de Max Matgen (2000), dunn durch den David Gawlik (2000-2003, och Gawlik Takagi Project) a schlussendlech duerno de Jemp Santer (2003-2007, Ex-Batteur vu Corrxion).

No 2006 sinn an der Band ëmmer méi musikalesch Differenzen opgedaucht. Den Numm Inbetween huet verflicht an et sinn einfach ze vill Stiler an d'Band agefloss. Am September 2007 hunn de Michel Blanc an de Steve Colin d'Band verlooss (Richtung Backyard) an Inbetween gouf am Oktober 2007 offiziell opgeléist. Déi aner dräi Museker hunn ënner dem Numm Random Choice nach e puer Concerte ginn.

Remove ads

Discographie

Album

  • 2002: The Search

Kompilatioune mat Lidder vun Inbetween

  • 2006: Rock um Knuedler
  • 2006: Merry LuXmas

Concert-Highlights

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads