Indoeuropäesch Sproochen

From Wikipedia, the free encyclopedia

Indoeuropäesch Sproochen
Remove ads

Mat méi wéi dräi Milliarde Sproochler vu ronn 400 Sproochen, sinn d'indoeuropäesch Sproochen, oder d'indogermanesch Sproochen déi gréisst Sproochefamill op der Welt no der Zuel vu Mammen- an L2-Sproochler, an déi fënneftgréisst Famill no der Zuel vu Sproochen an Dialekter[1]. No der europäescher Expansioun zanter dem 15. Joerhonnert gi s'op alle Kontinente geschwat[2].

Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Thumb
eng Variant vum Stammbam vun den indoeuropäesche Sproochen

D'indoeuropäesch Sprooche gehéieren zu der hypotetescher nostratescher Makrofamill[3]. Déi exakt Urheemecht vun den Indoeuropäer (Indogermanen) a vun hirer indoeuropäescher Ursprooch ass nach onbekannt, eng vun de warscheinlechen Urheemechte vun der Sproochefamill kann déi archeologesch Jamna-Kultur am Territoire vun der moderner Ukrain a vum moderne Südwest- a Südrussland ginn[4].

D'germanesch Sproochen, ënner anerem Lëtzebuergesch gehéieren och zu der indoeuropäescher Famill.

Remove ads

Klassifikatioun

  • Areschen Aascht
    • Nurestaneschen Ënneraascht
      • Nurestanesch Sproochen
    • Indoiranesch Ënneraascht
      • Indoaresch Sproochen
      • Dardesch Sproochen
      • Iranesch Sproochen
        • Nordostiranesch Sproochen
        • Nordwestiranesch Sproochen
        • Südostiranesch Sproochen
        • Südwestiranesch Sproochen
  • Hellenesch-phrygesch-armeeneschen Aascht
    • Phrygesch Sproochen
    • Armeenesch (gesamt Sprooch oder Grupp mat zwéi Sproochen)
    • Hellenesch Sproochen
  • Balkanindoeuropäeschen Aascht
    • Illyresch Sproochen
    • Albanesch
    • Dako-thrakesch Sproochen
      • Thrakesch
      • Dakesch
  • Balto-slaweschen Aascht (hypotetesch)
  • Germaneschen Aascht
    • Westgermanesch Sproochen
    • Nordgermanesch Sproochen
    • Ostgermanesch Sproochen
  • Veneteschen Aascht (Ënneraascht vum italeschen Aascht ??) †
    • Alvenetesch
  • Italeschen Aascht
    • Oskesch-umbresch (sabellesch) Sproochen
    • Latino-faliskesch Sproochen
  • Kelteschen Aascht
    • Festlandkeltesch Sproochen
    • Goidelesch Sproochen
    • Brittanesch Sproochen
  • Tochareschen Aascht
    • Osttocharesch ("Tocharesch A") †
    • Westtocharesch ("Tocharesch B") †
    • "Tocharesch C" ???? †
    • "Tocharesch D" ???? †
  • Anatoleschen (hethitesch-luweschen) Aascht
    • Palaesch
    • Hethitesch Sproochen
    • Luwesch Sproochen
    • Lydesch
    • Trojanesch (hypotetesch Sprooch vun der Stad Troja) †
    • Philistesch (hypotetesch, virun der Semitisatioun vun de Philister) †
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Indoeuropäesch (indogermanesch) Sproochen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Michael Meier-Brügger. Indogermanische Sprachwissenschaft. 8. Auflage. Walter de Gruyter, Berlin 2002, E 301.
  2. Дыбо В. А., Терентьев В. А. Ностратические языки // Лингвистический энциклопедический словарь. — М.: Сов. энциклопедия, 1990. — С. 338—339.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads