InterRegio m

From Wikipedia, the free encyclopedia

InterRegio m
Remove ads

Den InterRegio m ass en internationalen Zuch, deen op der Streck Liers - Léck - Gouvy - Lëtzebuerg am Zweestonnentakt fiert.

Thumb
Déi lëtzebuergesch 3003 virum IR 115 um Y zu Angleur
Thumb
Den InterRegio m op der CFL-Linn 1 um Pk. 81,800. Den Zuch kënnt vun Ëlwen a fiert Richtung Klierf

An der Woch kommen nach dräi Zich dobäi an zwar um véier Auer an um hallwer sechs mëttes an owes um eelef Auer.

Zanter dem 28. Mee 2000 ass de ganzen Trajet elektrifizéiert an d'Zich gi vun de lëtzebuergesche Lokomotive vum CFL aus der Serie 3000 oder vun de belsche baugläiche Lokomotive vun der SNCB aus der Serie 13 gezunn. D'Voiturë sinn aus de belsche Serien I10 an I6, sporadesch kommen och CFL Corailen an den Asaz.

Remove ads

Streckeverlaf

Den InterRegio m fiert iwwer follgend Linnen:

An der Belsch:

Zu Lëtzebuerg:

Gare wou den Zuch hält

Liers - Herstal - Gare Liège Palais - Gare Liège Jonfosse - Léck Guillemins - Angleur - Poulseur - Rivage- Stroumwiessel 3kV / 25kV - Aywaille - Coo - Trois Ponts - Vielsalm - Gouvy - Ëlwen - Klierf - Draufelt - Wëlwerwolz - Kautebaach - Ettelbréck - Miersch - Lëtzebuerg

Numerotatioun vun den Zich

Liers-Lëtzebuerg: IR 111 bis 125 (ongerued),
Lëtzebuerg-Liers: IR 108 bis 122 (gerued).

Zanter dem 14. Dezember 2014 wéi en neien Transportplang erauskoum sinn all InterRegioverbindunge mat InterCityverbindungen oder aneren ersat ginn, soudatt amplaz vum InterRegio m lo d'InterCityzich 106 bis 123 tëscht Liers a Lëtzebuerg fueren.

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads