Irbich
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Irbich ass eng Baach am Éislek an eng lénks Niewebaach vun der Klierf. Si entspréngt op enger Héicht vu 500 Meter, an engem Hang zu Hëpperdang.
Si ass 11,85 km laang a fléisst a südlecher Richtung. Dobäi leeft se ëstlech laanscht Ischpelt, ënner dem Irbich-Viaduc erduerch, laanscht Reiler, an dann duerch en eppes iwwer 5 km laangen enken Dall, dovun déi lescht 2 km a südwestlecher Richtung.
Nodeems s'ënner dem CR326c erduerch gelaf ass, leeft se, 200 Meter ëstlech vun Draufelt, op enger Héicht vun 313.5 m, vu lénks an d'Klierf.
Op hirem Laf hëlt si, vu lénks, noeneen d'Haardbaach, d'Grandsenerbaach, d'Fëschbech, d'Spelleschbaach an d'Hatzelbaach op, sou wéi eng hallef Dose kleng Baachen ouni Numm.
Remove ads
Kuckt och
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck
| Commons: Irbich – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
