Isaac Newton

englesche Physiker an Mathematiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Isaac Newton
Remove ads

De Sir Isaac Newton [ˌaɪzək ˈnjuːtən], gebuer de 25. Dezember 1642jul./ 4. Januar 1643greg. zu Woolsthorpe bei Colsterworth am Lincolnshire, a gestuerwen den 20. Mäerz 1726jul./ 31. Mäerz 1727greg. zu Kensington, war en englesche Physiker, Mathematiker, Astronom, Alchemist, Philosoph an Theolog.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Thumb
Den Isaac Newton (Godfrey Kneller, National Portrait Gallery London, 1702)

Hie war den Entdecker vun den Interferenzréng, de Gesetzer vun der Mechanik vum Newton an der allgemenger Gravitatiounstheorie, an huet net nëmmen d'Planéitebeweegungen an d'Gravitatioun tëscht de Kierperen erfuerscht, mä och d'Natur vum Liicht. Dobäi huet hie bewisen datt mat engem Prisma d'Liicht sech a seng Spektralfaarwe vu rout bis violett opsplécke léisst.

Remove ads

E bësschen aus sengem Liewen

Hien ass ee vun de gréissten Naturwëssenschaftler.

Gravitatiounstheorie

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Gravitatiounsgesetz

Den Newton huet an den "Philosophiae Naturalis Principia Mathematica", d'Gesetz vun der Gravitatioun ofgeleet an doduerch de Beweis geliwwert vun de Gesetzer vum Kepler iwwer d'Planéitebeewegungen. Enn vum 17. Joerhonnert huet den Newton seng Allgemeng Gravitatiounstheorie verëffentlecht.

Den Teleskop

Den Newton huet 1670 den éischte Spigelteleskop erfonnt. Et war en 30 cm laange Rouer wou d'Liicht mat Spigelen gebëndelt gouf. Doduerch gouf et keng Stéierunge méi an de Faarwen, wéi et bis dohi mat normale Lënsen de Fall war.

Seng Wierker

  • Method of Fluxions (1671)
  • De Motu Corporum in Gyrum (1684)
  • Philosophiae Naturalis Principia Mathematica London (1687)
  • Opticks London (1704)
  • Arithmetica Universalis Cambridge (1707)
  • Analysis London (1711)

No sengem Doud goufen dës Wierker verëffentlecht:

  • Short Chronicle
  • The System of the World
  • Optical Lectures
  • Universal Arithmetic
  • The Chronology of Ancient Kingdoms, Amended
  • De mundi systemate
  • An Historical Account of Two Notable Corruptions of Scripture (1754)
Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Isaac Newton – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads