Jacob Zuma

From Wikipedia, the free encyclopedia

Jacob Zuma
Remove ads

De Jacob Gedleyihlekisa Zuma, gebuer den 12. Abrëll 1942 a Zululand (haut Deel vu KwaZulu-Natal), ass e südafrikanesche Politiker a fréieren Anti-Apartheids-Aktivist. Hie war vum 9. Mee 2009 bis de 14. Februar 2018 President vu Südafrika.

op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...

Den Zuma war vum18. Dezember 2007 bis de 17. Dezember 2017 och President vum African National Congress (ANC), der gréisster Partei a Regierungspartei, a war Vizepresident vu Südafrika vun 1999 bis 2005. Hien ass op Liewenszäite Member vun der Kommunistescher Partei vu Südafrika.

Ier e Staatspresident gouf, war den Zuma viru Geriicht wéinst Vergewaltegung (2005), Korruptioun a Bedruch ugeklot ginn. Hie gouf awer fräigesprach, resp. d'Kloe goufe fale gelooss.

No de Presidentewalen 2014 gouf hien de 24. Mee fir eng zweet Amtszäit vereedegt. Wéinst senge Korruptiounsaffäre gouf e vum ANC am Februar 2018 opgefuerdert zeréckzetrieden, wat en de 14. Februar och gemaach huet.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Jacob Zuma – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads