Jacques Hansen
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Jacques Hansen, gebuer den 10. Juni 1950 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 24. Juli 2016 zu Baaschtnech[1], war Direkter vun der lëtzebuergescher Croix-Rouge.[2]
Vun 1973 bis 1979 war de Jacques Hansen Commissaire à l'information vun der Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg.[3]
De Jacques Hansen huet seng berufflech Carrière bei der Caisse de pension des indépendants ugefaangen.[2] Vun 1986 bis 2012 war hien Direkter vun der Croix-Rouge. Vum 1. Januar 2013 u war hien an der Pensioun.[4]
2012 gouf de Jacques Hansen Grand Maître vun der Grande Loge de Luxembourg.[5]
Hie war de Brudder vum Physiker Jean-Pierre Hansen an den Enkel vum Professer Joseph Hansen. Hie war mat der Doktesch Danielle Koenig, der Duechter vum Fernand Koenig bestuet.[2]
Remove ads
Literatur
- Ahlborn, Henri & Marc Crochet: Jacques Hansen (1950-2016), directeur honoraire et membre du Conseil d'administration de la Croix-Rouge luxembourgeoise. Luxemburger Wort 21.11.2016, S. 57.
Referenzen
- Luxemburger Wort 26.07.2016, S. 30 (avis mortuaires).
- Ahlborn & Crochet 2016.
- Historique FNEL Archivéiert den 29.12.2016. Gekuckt de 27.11.2016.
- Jacques Hansen, 26 ans au service des plus vulnérables. Croix-Rouge luxembourgeoise. Archivéiert den 02.01.2017. Gekuckt de 24.11.2016.
- Jacques Hansen neuer Großmeister der Freimaurer. Lëtzebuerg Privat, 5. November 2012. Archivéiert den 23.09.2016. Gekuckt de 24.11.2016.
Remove ads
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads