Jean Ferrat
franséische Sänger From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Jean Ferrat, gebuer de 26. Dezember 1930 zu Vaucresson am Departement Hauts-de-Seine, a gestuerwen den 13. Mäerz 2010 zu Aubenas am Departement Ardèche, mam richtegen Numm Jean Tenenbaum, war e franséische Sänger a Komponist.


De Jean Ferrat huet ufanks Libeslidder komponéiert, mat deenen en an der Mëtt vun den 1950er Joren am Cabaret La Colombe zu Paräis opgetrueden ass, mä och fir d'Sängerin Zizi Jeanmaire. Méi spéit huet hie sech zu engem engagéierte Sänger entwéckelt, deen dem Parti communiste français no stoung, ouni awer Member ze sinn.[1] Op senge Placken huet hie politesch engagéiert Lidder mat poetesche Libeslidder vereent. Laang hu seng Lidder net däerfen um franséische Radio gespillt ginn, well se als ze vill "oséiert" ugesi goufen. Säi wuel bekanntst Stéck, La Montagne, an deem et iwwer Landflucht geet, gouf iwwer fënnef Milliounemol verkaf.
Remove ads
Um Spaweck
![]() |
Commons: Jean Ferrat – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit
- Jean Ferrat est mort bei lemonde.fr. 13. Mäerz 2010
Referenzen
- Chanteur engagé et poète discret, Jean Ferrat est décédé en Ardèche. Tageblatt. Zeitung fir Lëtzebuerg, 14. Mäerz 2010. / Jean Ferrat s'est tu L'Humanité, gelies de 14. Mäerz 2010.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads