John Schummer

lëtzebuergesche Politiker a fréieren Handballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia

John Schummer
Remove ads

De John Schummer, gebuer de 5. September 1951[1], a gestuerwen den 22. Februar 2025[2][3], war e lëtzebuergesche Politiker (DP) an Handballspiller.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

1969 war de Schummer fir d'éischt am Kader vun der lëtzebuergescher Härenhandballnationalekipp. Hien huet 14-mol an der Nationalekipp gespillt, an dobäi 37 Goler geschoss.[4]

1976 gouf hien Employé an der Direktioun vun der deemoleger Generalbank[5] a war vun 2011 bis 2018 Direkter vun der Fondation Kräizbierg zu Diddeleng.[6]

Hie war vum 14. Juli 1992 bis 2004 Deputéierten an der Chamber a vun ... bis 2017 Gemengeconseiller an der Gemeng Koplescht[7]. An der Period 2001-2002 war hie President vum Benelux-Parlament.[8]

Hie war ausserdeem 2011-2012 President vun der Escher Stadmusek.

De John Schummer war bestuet a Papp vun dräi Kanner.[5]

Remove ads

Gielercher

Um Spaweck

 Commons: John Schummer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 392
  2. (de) John Schummer ist tot. Luxemburger Wort (22.02.2025). Gekuckt den 22.02.2025.
  3. Familljenannonce am Luxemburger Wort vum 25.02.25, S. 23
  4. Archive copy Archivéiert den 29.06.2017. Gekuckt den 29.06.2017.
  5. Contact op kraizbierg.lu, gekuckt 01.01.2013.
  6. Le conseil communal op kopstal.lu (gekuckt 01.01.2013)
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads