Judith Lecuit

lëtzebuergesch Cellistin From Wikipedia, the free encyclopedia

Judith Lecuit
Remove ads

D'Judith Lecuit, gebuer den 12. Abrëll 1973 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Cellistin.

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...

Hire Secondaire huet si am LGL ofgeschloss.

Am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg huet si, vun 1980 un, Celloscoursë beim Claude Giampellegrini gemaach, am Escher Conservatoire beim André Navau, a 1985 beim J.- J. Rougier am Conservatoire national de région de Metz.

Erfarunge konnt si a follgenden Orchestere sammelen:

  • European Community Youth Orchestra
  • Gustav-Mahler-Jugendorchester
  • RIAS Jugendorchester Berlin
  • Berliner Symphoniker
  • Staatsoper Unter den Linden Berlin
  • Philharmonie Essen
  • Aachener Kammerorchester (AKO)
  • Kammerorchester arcata stuttgart
  • Orchestre philharmonique du Luxembourg
  • Saarländisches Staatsorchester

Si ass d'Sëschter vun der Vania Lecuit, enger Violonistin.

Remove ads

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads