Jules Collart

lëtzebuergeschen Industriellen a Schmelzhär From Wikipedia, the free encyclopedia

Jules Collart
Remove ads

De Jules Joseph Nicolas Collart, gebuer den 1. Juli 1831 zu Dummeldeng, a gestuerwen de 24. Oktober 1917 zu Stengefort, war e lëtzebuergeschen Industriellen a Schmelzhär.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...
Thumb
D'Graf um Schengener Kierfecht.

Hien huet mat senge Brudder Charles 1852 d'Stengeforter Schmelz vum Guillaume Pescatore iwwerholl.

Nieft der Schmelz huet hien zu Stengefort eng herrschaftlech Villa, e Spidol an en Altersheem baue gelooss.

Mat sengem Brudder Charles an dem Thomas Byrne huet hien 1872 d'Société anonyme des Hauts Fourneaux de Rodange gegrënnt.

Den 13. September 1871 war de Victor Hugo ob sengem Schlass zu Schengen op Besuch.

Hie war de Fils vum Jean Charles Joseph Collart (*1775) an d'Kandskand vum Charles Joseph Collart (*1726).

Hie war mat der Louise de Scherff (1843-1916), enger Duechter vum Paul de Scherff, bestuet. Si haten 13 Kanner.

Remove ads

Kuckt och

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads