Julien Hoffmann

lëtzeburgesche Komponist From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Julien Josef Ludwig Hoffmann, gebuer den 31. Mee 1924 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 6. Juni 2007[1], war e lëtzebuergesche Sänger, Dirigent, Komponist a Museksprofesser.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Liewen

De Julien Hoffmann war de Jong vum Maurice Hoffmann vu Montreuil bei Paräis an der Susanna Goerres.[2]

An den 1930er Joren huet hien um Stater Conservatoire, beim Louis Petit a bei der Pëppi Beicht Solfège a Piano geléiert, méi spéit och Cello a Fagott. Tëscht 1938 an 1940, resp. 1942, war hie Sänger an Organist an der Stater Paterekierch an an der Kathedral.

1942 gouf hien zwangsrekrutéiert a koum an der Wehrmacht an e Musekskorps, deen d'Zaldote bei Laun hale sollt.

Nom Krich huet hie seng Pianosausbildung weidergefouert, ë. a. beim Richy Muller an Albert Leblanc. 1949 krut en zu Bréissel den 1. Präis. 1948 huet hien ugefaangen, selwer Paino- a Solfègecoursen ze ginn.

Wéinst enger Krichsblessur huet hien dunn awer de Piano opgehalen a sech op Gesang a Kompositioun konzentréiert. Hien huet ë. a. Coursen zu Saarbrécken an zu Salzburg geholl, wou en och seng éischt Fra kennegeléiert huet.

Berufflech war de Julien Hoffmann Museksprof a verschiddene Stater Lycéeën: 1951 bis 1988 am der Handwierkerschoul, an 1956 bis 1969 am Meedercherslycée, am Jongelycée, am Lycée Michel-Lucius an am Kolléisch.

Hie war Dirigent vu verschiddene Chéier, an Organist an der Kierch vun Hamm an an der Méchelkierch

De 6. Januar 1966 huet hien d'Chorale Jong-Letzeburg gegrënnt, e gemëschte Chouer mat Schüler aus dem Kolléisch an aus dem Meedercherslycée.

Hien ass de Papp vun der Yannchen Hoffmann.

Remove ads

Kompositiounen (Auswiel)

  • Krëschtdag (1947)
  • Vereinslidd vun der J.E.C. (1948).
  • Le’f Consolatrix (1966)
  • D’Briedemësser Lidd (1970)
  • Ons Stât Letzeburg (1998)
  • Marche Grand-Duc Henri fir Harmonieorchester (2000).

Gielchen

Referenzen

  1. Nécrologie op der Websäit vum Piusverband Archivéiert de 24.03.2012. Gekuckt den 02.12.2010.
  2. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Marlène Duhr: "‘Jong-Letzeburgs’ Taktgeber: Julien Hoffmann zum 100. Geburtstag." bnl.public.lu, 01.03.2024 (nogekuckt:27.02.2025.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads