Justin Trudeau

kanadesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Justin Trudeau
Remove ads

Den Justin Pierre James Trudeau, gebuer de 25. Dezember 1971 zu Ottawa, ass e kanadesche Politiker. Hie war vum 4. November 2015 bis de 14. Mäerz 2025 Premierminister vum Kanada.

op ee Bléck Gebuertsnumm, Gebuer ...

Den Justin Trudeau ass de Jong vum fréiere Premierminister Pierre Trudeau a senger deemoleger Fra Margaret, gebuer Sinclair. Ier en an d'Politik goung, huet hien zu Vancouver Sciences sociales a Franséisch a Lycéeën enseignéiert. Vun 2002 bis 2003 huet hie fir Ingenieur studéiert an 2005 bis 2006 Ëmweltgeographie.

Zënter 2008 ass hien Deputéierten an der Ënneschter Chamber vum kanadesche federale Parlament. Hie gouf de 14. Abrëll 2013 zum President vun der Liberaler Partei vu Kanada gewielt.

Bei de Parlamentswalen, am Oktober 2015, hunn déi Liberal mat him un der Spëtz eng kloer Victoire verzeechent. De 4. November gouf hien als neie Premierminister vereedegt.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Justin Trudeau – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads