Rettungskorsseli
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
E Rettungskorsseli, dacks och KED (vum Hierstellernumm Kendrick Extrication Device) genannt, ass e Geschier fir blesséiert Persounen aus Autoen erauszehuelen.

Intro
E KED besteet aus engem haarden a steiwe Réckendeel mat Striewen dran, deen op der Bauch- a Kapphéicht eng Läischt huet, déi ee kann ëmklappen. De KED gëtt um Patient festgemaach, zousätzlech gëtt de Kapp mat enger Minerv fixéiert. Wann de KED ugeluecht ass, kann een d'Persoun ouni hir dobäi d'Réck- oder d'Kapppositioun ze veränneren, aus dem Auto hiewen.
Sou hëlleft e KED, Wierbelsaileverletzungen ze verhënneren.
Remove ads
Info an Opbau
De Rettungskorsseli huet am Bauchberäich 3 getrennt Fixersiounsgurter déi mat de Faarwe Rout, Giel a Blo markéiert sinn. Zousätzlech zu denn 3 Gurter ass nach op all Säit hannen am Réck e schwaarze Gurt, dee sech vir tëscht de Bee kräizt an da fixéiert gëtt.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
