Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois

fréier lëtzebuergesch Eisebunnsgesellschaft From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois (CC) (iwwersat Aktiegesellschaft vun de lëtzebuergesche Kantonaleisebunnen) ass eng fréier lëtzebuergesch Eisebunnsgesellschaft, déi vun 1887 bis 1934 bestanen huet.

Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Typ, Grënnungsdatum ...
Remove ads

Geschicht

D'Gesellschaft gouf mam kinneklech-groussherzoglechen Arrêté vum 21. Juni 1887 gegrënnt[1].

Den 13. Juli 1922 huet d'CC eng Konventioun mam Lëtzebuerger Staat ofgeschloss an där festgehale gouf, datt déi zwou Schmuelspuerstrecken, déi s'exploitéiert huet, vum Staat iwwerholl kéinte ginn, wann dee sech bis Enn 1923 eens wier. Dat ass dunn och mam Gesetz vum 26. Dezember 1923 geschitt an de 4. Januar 1924 huet de Lëtzebuerger Staat d'Kantonalbunn iwwerholl[2]. Well e selwer keng eege Verwaltungsstrukture fir d'Exploitatioun vun den Eisebunnen hat, ass d'Zoustännegkeet un de Bauteministère iwwerdroe ginn.

D'Gesellschaft ass 1934 opgeléist ginn, wéi d'Kantonal-, Sekundär- a Vizinalbunnen zesummegeluecht goufen an de Staat den 19. Abrëll 1934 d'Exploitatioun dovu mat der staatlecher Gesellschaft Chemins de fer à voie étroite de l'État (CVE) iwwerholl huet[3].

Remove ads

Netz

D'CC huet follgend Kantonalstrecke bedriwwen[4]:

Méi Informatiounen Streck, Längt (Km) ...

Literatur

Kuckt och

Referenzen

  1. (fr) Chemins de Fer Cantonaux (1880 - 1923). rail.lu. Gekuckt den 20.03.2023.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads