Antoniuskapell zu Haastert

kathoulesch Kapell an der Gemeng Biwer From Wikipedia, the free encyclopedia

Antoniuskapell zu Haastert
Remove ads

D'Antoniuskapell zu Haastert war eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Biwer gehéiert huet. Se gouf am Joer 2020 entweit.

Méi Informatiounen Kapell vun Haastert, Par ...

De Patréiner vun der Kapell war den hellegen Antonius, deem säi Fest den 13. Juni gefeiert gëtt.

D'Kapell, déi ufanks vum 20.Joerhonnert gebaut gouf, steet op der Haaptstrooss, dem CR134. Vun 1985 u gouf d'Kapell an e puer Phase renovéiert.

D'Kapell huet fréier zur Par Betzder gehéiert, zu där ausser der Kapell vun Haastert och nach d'Parkierch vu Betzder gehéiert huet.

Nieft dem Agank vun der Kapell steet e Weekräiz vun 1832, dat och scho virum Virgängerbau stoung.

Am Biwener Gemengerot vum 17. Dezember 2019 gouf eestëmmeg decidéiert, d'Prozedur zur Entweiung vun der Antoniuskapell anzeleeden[1][2][3]. An der Kapell goufen zanter 2016 kaum nach reliéis Feieren ofgehalen.

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Antoniuskapell zu Haastert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. de biwer Buet, Wanter 2020, S.26 Archivéiert de 25.04.2020. Gekuckt den 30.04.2020.
  2. Kapelle wird entweiht, Gemeinde Biwer leitet Profanierung für Gottesdiensthaus in Hagelsdorf ein - Künftige Nutzung noch unklar, Luxemburger Wort, 30. Abrëll 2020, S. 29
  3. Äerzbëscheeflechen Dekreet vum 08.05.2020
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads