Karl Ludwig Harding

däitschen Astronom a Theolog From Wikipedia, the free encyclopedia

Karl Ludwig Harding
Remove ads

De Karl Ludwig Harding ass gebuer den 29. September 1765 zu Lauenburg; a gestuerwen den 31. August 1834 zu Göttingen. Hie war en däitschen Astronom an Theolog.

op ee Bléck Gebuer, Gestuerwen ...

Den Harding huet op der Universitéit vu Göttingen Theologie studéiert, an zu Lilienthal bei Bremen Schoul gehalen.

Vu 1796 un huet den Harding als "Inspekter" um Observatoire geschafft a gouf 1800 zum Observator op der Universitéit Göttingen ernannt. Den 1. September 1804 huet hie vun do aus den Asteroid Juno, entdeckt.

1805 krut den Harding de Ruff als ausserordentleche Professer vun der Astronomie op der Universitéit Göttingen. Hien huet Observatioune vu Koméiten, Verännerleche Stären a Gasniwwele gemaach, an huet e Stärekatalog publizéiert.

Zur Unerkennung vu senge Leeschtunge gouf no him een Asteroid (2003) Harding benannt.

Remove ads

Publikatioun

  • Atlas novus coelestis. Göttingen (1808)

Kuckt och

Portal Astronomie

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads