Karlheinz Böhm

éisträichesche Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia

Karlheinz Böhm
Remove ads

De Karlheinz Böhm, gebuer de 16. Mäerz 1928 zu Darmstadt, a gestuerwen den 29. Mee 2014 zu Grödig, am Salzburger Land an Éisträich, war en éisträichesche Schauspiller.

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...

Hie gouf virun allem duerch d'Sissi-Filmer bekannt. Fir vun deem Kitschimage lasszekommen, huet hien am Michael Powell sengem Peeping Tom d'Roll vun engem voyeuristesche Mäerder gespillt. Dëse Film huet dem Michael Powell senger Karriär als Filmregisseur geschuet. De Karlheinz Böhm awer huet duerno nach an 13 Filmer matgespillt ënner der Regie vu sou bedeitende Filmregisseure wéi Terence Young, Vincente Minnelli, Jacques Deray a Rainer Werner Fassbinder.

De Karlheinz Böhm huet sech zanter den 1970er mat vill Engagement fir Hëllefsprojeten an Afrika agesat.

Hie war de Jong vum Dirigent Karl Böhm an der Sopranistin Thea Linhard an de Papp vun der Schauspillerin Katharina Böhm.

Remove ads

Filmographie

Kino

Remove ads

Gielercher

Großes Goldenes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[1].

Um Spaweck

 Commons: Karlheinz Böhm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads