Karst

From Wikipedia, the free encyclopedia

Karst
Remove ads

Karst ass eng geomorphologesch Struktur, déi aus der hydrocheemescher Korrosioun, an hydraulescher Erosioun, vu Fielsen aus léislechem Gestengs (Karbonatgestengs), virun allem op Basis vu Kallek (dorënner Kräid an Tuff), entstanen ass. Et schwätzt een dofir vu Karst-Hielen an Uewerfläche-Karst.

Thumb
Tuermkarst-Landschaft, Guilin (China)
Thumb
Pinnacle-Karst-Landschaft, Shilin (China)
Thumb
Glaziokarst-Landschaft, Orjen (Montenegro)
Thumb
Karst-Waasserfäll a Séielandschaft: Nationalpark Plitwitzer Séien (Kroatien)
Thumb
Karst am Torcal de Antequera, Andalusien, (Spuenien)
Thumb
Karstlandschaft bei Minerve, a Frankräich.

Typesch fir Karst-Landschafte sinn "opgewullt" Landschafte mat Grotten, Hielen, Splécken, agesackten oder ofgebréckelte Fielsen, souwéi engem hydrographesche System, deen dacks ënnerierdesch verleeft.

Karst huet säin Numm vum Kalleksteen-Plateau tëscht Italien, Slowenien a Kroatien, deen op Däitsch "Karst", op Italiensch "Carso" an op Sloweenesch "Kras" genannt gëtt.

De serbesche Geolog Jovan Cvijić huet d'Spezifizitéite vum "Karst" a sengem Artikel Das Karstphänomen beschriwwen an den Numm verallgemengert, sou datt en op Formatiounen aneschtwous iwwerdroe gouf.

Karst gëtt et ronderëm d'ganz Welt, an Europa z. B. am Mëttelmierraum, der Schwäbescher an der Fränkescher Alb, dem Jura, souwéi an de Kallek-Alpen, ma och a Südostasien a Südchina, de Groussen Antillen an am Malaieschen Archipel. Déi fir Lëtzebuerg noost a bekanntst Karstgrotte sinn déi aus dem wallounesche Karst an zwar d'Grott vun Han, d'Grott vu Remouchamps an déi vun Hotton.

Remove ads

Kuckt och

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads