Kasachstan

Staat an Zentralasien From Wikipedia, the free encyclopedia

Kasachstan
Remove ads

Kasachstan (op Kasachesch: Qasaqstan, op Russesch: Казахстан) ass e Staat an Zentralasien. D'Land grenzt am Norden u Russland, am Osten u China, am Süden u Kirgisistan, Usbekistan an Turkmenistan an am Westen u Russland an d'Kaspescht Mier. Streng geholl gehéiert de westleche Wupp vu Kasachstan geographesch nach zu Europa well en nach westlech vum Ural läit (ronn 5 % vum Staatsterritoire).

Dëse Geographiesartikel iwwer de Kasachstan ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Қазақстан Республикасы
Qazaqstan Respublïkas

Thumb

Thumb

Detailer

Detailer
Thumb
Offiziell Sprooch: Kasachesch (Nationalsprooch),
Russesch (offiziell Sprooch)
Haaptstad: Astana
Staatsform: Republik
  President: Qasym-Jomart Toqaev
  Premierminister: Oljas Bektenov
Fläch: 2 724 900[1] km²
  Dovu Waasser: 1,7 %
Bevëlkerung: 14 953 126[2]
  Bevëlkerungsdicht: 5,48/km²
Onofhängegkeet: vun der Sowjetunioun,
de 16. Dezember 1991
Nationalfeierdag: 16. Dezember
Nationalhymn: Meniń Qazaqstanym
Wärung: Teńge (KZT)
Zäitzon: UTC +5[3]
Internet TLD: .kz
Internationalen
Telefonsprefix
:
+7-6xx, +7-7xx
Thumb

Den haitege Staat ass 1991 aus der fréierer Kasachescher Sozialistescher Sowjetrepublik ervirgaangen.

D'Haaptstad vu Kasachstan ass zanter 1997 Astana.

De Kosmodrom am kasachesche Baikonur ass déi gréisst Rakéitestartplaz op der Welt. D'Infrastruktur ass bis 2050 un d'Russesch Federatioun verlount.

Remove ads

Politik

Kasachstan ass zanter 1991 eng Presidialrepublik, an där de Staatschef all 7 Joer direkt gewielt gëtt. D'Parlament besteet aus dem Ënnerhaus mat 77 Memberen, déi all 5 Joer gewielt ginn, an dem Senat mat 39 Memberen, déi fir 6 Joer gewielt sinn a vun deenen der 7 vum Staatpresident ernannt ginn. All 3 Joer sinn Deelwalen.

De Mindestalter fir kënne wielen ze goen ass 18 Joer.

Um Spaweck

 Commons: Kasachstan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Zuele vun der leschter Vollekszielung, de 26. Februar 1999 (via UNO)
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads